Haut huet déi zweet Spurlautprüfung vun der Centrale du Chien de Chasse fir Dackelen statt fonnt. Och hei hunn sech d'Riichter, Revéierpierchter, Teilnehmer an Helfer um 8:30 zu Livange am
Hotel Ibis afonnt. Riichter bei dëser Prüfung waren Marc Ledoyen (Obmann, Frankräich), Peter Löw (Däitschland) a Jacques Petit (Lëtzebuerg).
E grousse Merci un d'Mme an den Här Bichel, sowéi un den Här Havé an den Här Kohn datt si eis hier Revéieren zur Verfügung gestallt hunn!
Fir d'Schossfestegkeet waren 3 Honn gemellt, déi och alleguer bestanen hunn.
Bei der Spurlaut waren 4 Honn (3 Führer) gemellt a konnte gepréift ginn. 3 hu bestanen.
Och e grousse Merci un d'Teilnehmer an Helfer fir de flotten Oflaf vun dëser Prüfung!
Photo: © Claude Zanter
Präis | Punkten | Hond | Führer | LZ |
1a | 100 | Lucky du Bois d'Hingry | Aline Grégroire | Sp |
2a | 72 | Norden Liht Powers Play | Carole Pleimling | Sp/J |
3a | 59 | Jeep | Nicolas Missler | Sp |