Spurlautprüfung 2015

De 5ten Abrëll hat d’Erdhondskommissioun eng Spurlautlautprüfung fir Dackelen getraff. Um hallwer 9 hunn sech 6 Dackelen zu Léiweng afonnt. 

No enger kuerzer Aféierung duerch d’Riichter an dem Zéihen vun de Startnummeren ass et an d’Revéier gaangen. No dem erfollegräichen Teste vun der Schossfestegkeet hunn d’Hondsführer zesumme mat de Riichteren an Helfer eng Linn gebilt an d’Sich no den Huesen ass ugaangen. Trotz schlechtem Wieder ware séier genuch Huese fonnt, an alle 6 Honn konnte gepréift ginn. 5 Honn hunn d’ Spurlautprüfung bestanen: 

Präis Punkte Hond Führer LZ
1a 100 Igor des Orchidees Sauvages du Ried Kaufmann Daniel Sp
1b 100 Lux vom Theeltal Georges Kugener Sp
1c 94 Johannes von den Eifelhexen Juliana Reichter Sp/J
2a 69 Utah vom Neunten Weinberg Marianne Jacobs Sp/J
3a 53 Kathinka vom Lortzengrund FCI Carole Poeckes Sp

E grousse Merci un d’Riichtere Mr. Schildknecht, Mr. Petit a Mr. Steichen, souwéi d’Juegdpiechter Mr.Lang a Mr. Kohn fir d’Erméigleche vun dëser Prüfung. Och all den Helfer an d’Hondsführer gëllt e grousse Merci fir de flotten a faire Verlaf vun dëser Prüfung.