BHP - 16.09.2017

Den 16ten September 2017 huet d'Dackelkommissioun hier éicht Begleithundeprüfung ofgehalen. Fir d'BHP waren insgesamt 11 Honn gemellt (fënnef fir d'BHP G, een fir d'BHP 1, an véier fir d'BHP 3). Ugetrueden sinn 10 Gespaner, vun denen 9 erfollegräich bestoe konnten.

Um 9:30 hunn sech de Riichter, d'Gespaner, de Prüfungsleiter an Helfer zu Bech afonnt. No kuerzer Aféierung duerch de Prüfungsleiter Jacques Petit, huet de BHP Riichter Jockel Jung aus Däitschland d'Wuert iwwerholl.

Duerno hunn sech d'Gespaner op de Wee gemaach sech fir dem éichten Deel vun der Prüfung ze stellen. Hei gëtt nierwt dem Gehorsam, wéi Leinenführigkeit, fräi-bei-Fouss an Ofleeën, och d'Sozialverträglechkeet an d'Verhalen vis-à-vis vu Leit, Geräicher an am Stroosseverkéier gekuckt.

Bei der BHP 2 gëtt d'Ofleeën virun engem Gebäi ënnert Oflénkung (Jogger, Velo an Hond), esou wéi d'Führersuche gepréift. Dëst gëtt dann vun der BHP 3, bei där den Apport vun engem Géigenstand aus déiwem Waasser getest gëtt ofgeschloss. 

Bei dëser Prüfung kann een sech entweder fir eenzel Prüfungen mellen, oder déi 3 an engem Dag maachen. Packt een dëst, esou kritt den Hond d'Leeschtungszeechen BHP G unerkannt. 2 Honn hunn dëst och fäerdeg bruecht:

 

Punkte Hond Führer LZ
  Quinn vom Nattertal Marianne Jacobs BHP G
  Nurmi vun der décker Lann FCI Dan Friedl BHP G
  Lily von den Eifelhexen David Kuijpers BHP 1 & 2
  Nahla vun der décker Lann FCI Marianne Jacobs BHP 1 & 2
  Nimrod vun der décker Lann FCI Georges Kugener BHP 1
  Pira vom Neunten Weinberg Georges Kugener BHP 3
  Lacoste Carole Pleimling BHP 3
  Nallo vun der décker Lann Dan Friedl BHP 3
  Nunuk- Graf von Schloss Koedingen Anastasia Cassinetti BHP 3

No der Prüfung ass gemittlech zesummen zu Gréiwemaacher um Camping giess ginn. De Riichter huet di gutt Virbereedung vun den Honn an der Prüfung selwer geluewt, an der Dackelkommissioun fir hier éicht BHP gratuléiert.

E grousse Merci geet un d'Carole Pleimling, dat éis seng Terrainen fir dëss Prüfung zur Verfügung gestallt huet. Och dem Riichter, dem Prüfungsleiter, dem Marc Diederich, dem Claude Zanter, an alle Führer gëllt en immens grousse Merci fir dëse flotten an erfollegräichen Dag!