Spurlautprüfung 2016

© Claude Zanter
© Claude Zanter

Den 20ten Mäerz hat d’Erdhondskommissioun eng Spurlautprüfung fir Dackelen organiséiert. Um 8:30 hunn sech d’Hondsführer, d’Helfer an d’Riichter zu Léiweng afonnt. No enger kuerzer Aféierung duerch d’Riichter goufen d’Startnummere gezunn. 7 Honn ware fir dës Prüfung gemellt. 

Nom Teste vun der Schossfestegkeet, déi all Hond bestanen huet, gouf sech op d’Sich no Huese gemaach. De ville Wand an d’Keelt un dësem Sonndeg Moien hunn d’Sich méi schwéier a laangwiereg gemaach, mä zum Schluss konnt awer all Hond gepréift ginn, a 5 hunn der bestanen:

Präis Punkte Hond Führer
1a 100 Rosa vom Metternicher Berg Bernd Hammermann
1b 97 Rocco von der süthen Beck Patrick Both
2a 84 Vrodo von der Jufferfey Nik Remmel
3a 63 Grandel von den hohen Buchen Stephanie Hengen
3b 50 Onna Biene - anne Pichten Christiane Görig

E grousse Merci un d’Riichtere Mr. Ledoyen, Mr. Petit a Mr. Steichen, souwéi d’Juegdpiechter Mr. Kohn a Mr. Lang fir d’Erméigleche vun dëser Prüfung. Och all den Helfer an den Hondsführer gëllt e grousse Merci fir de flotten a faire Verlaf vun dëser Prüfung. Weiderhin war et schéin ze gesinn, datt mat 4 auslänneschen Hondsführer dës Prüfung och Gespaner aus der Groussregioun unzitt.

Fotos: Claude Zanter