BHP 2018

© Claude Zanter
© Claude Zanter

De 15te September huet d'CCC Dackelkommissioun eng Begleithundeprüfung fir Dackelen organiséiert.  
Moies frei gouf sech zu Bech um Haff vun der Famill Steffes afonnt. No der Begréissung duerch de Prüfungsleiter Jacques Petit, huet hien d'Wuert un d'Riichterin Claudia Schölpert (D) weiderginn. No enger kuerzer Erklärung sinn dunn d'Pabeieren agezu gi, souwéi d'Impfungen an d'Chipkontroll duerch eise Veterinär Marc Diederich an d'Riichterin iwwerpréift ginn. Duerno konnt et dunn direkt weider op den Terrain goen, wou mir mat der BHP 1 ugefaangen hunn. Hei goufen nieft der Leinenführegkeet, dem Folgen frei Fuß, dem Eraruffen, dem Ofleeën och d'Verhale bei Geräischer, d'Sozialverträglechkeet vis-à-vis vun Honn a Leit, souwéi och d'Behuelen am Stroosseverkéier gepréift. 8 Honn ware fir den éischten Deel gemellt, vun deenen der 7 dësen Deel bestoe konnten.

Fir den zweeten Deel ware 7 Honn gemellt. Hei gëtt d'Ofleeë virun engem Gebai mat Oflenkung duerch en Hond, en Jogger an e Vëlo gepréift. Am Uschloss och nach d'Führersuche. An dësem Deel konnte 4 Honn bestoen.

Den drëtten Deel besteet aus enger klenger Waasseraarbecht. Fir dësen Deel si 5 Honn ugetrueden a 2 konnte bestoen. Een Hond konnt di dräi Deeler bestoen a krut domadder d'Leeschtungszeechen BHP G unerkannt! Gratulatioun hei un d'Tagessiegerin Valérie Zumpf! Och hate mir e ganz jonken Teilnehmer: de Laurent Steffes huet sech mat sengem Vesta dëser Prüfung gestalt an huet d'BHP 1 als eenzege komplett fräi absolvéiert!

 

 

Nodeems de ganze Stress dunn eriwwer war, si mir op Gréivemaacher op de Camping gefuer. Bei allerbeschter Laun gouf giess, op den Dag zeréckgebléckt an d'Diplomer iwwerginn. E grousse Merci geet un eis Riichterin, d'Claudia Schölpert fir dat fairt Riichten an hier berouegend Wierder, eisen Helfer, dem Georges Kugener an dem Marc Diederich, dem Carole Pleimling fir zu Verfügungstelle vum Terrain an dem Claude Zanter fir di flott Foto'en!

BHP 1
Hond Führer Punkten Präis
Staier's Vesta Laurent Steffes  92  II
Lux vom Theeltal Marianne Jacobs  88  I
Notre Belle von der Lucilinenburg Martina Ziegler  81  II
Marrony von der Lucilinenburg Ute Hübner  86  II
Hummel-Dream vom Zeldenrüst Carole Pleimling  83  II
Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde François Blanche  78  II
BHP 2
Phoebe vun der décker Lann Mathew Reis  40  I
Marrony von der Lucilinenburg Ute Hübner  40  I
Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde François Blanche  35  II
BHP 3
Notre Belle von der Lucilinenburg Martina Ziegler  40  I
BHP G
Karamel von der Lucilinenburg Valerie Zumpf 168  I

 

 

 

An hei e puer Foto'en déi de Claude Zanter eis um Prüfungsdag gemaach huet, e grousse Merci dofir!!