National Schweesprüfung

2018 huet d‘CCC- Riichterkommissioun keng Méi gescheit an eng nei ganz néi Prüfungsuerdnung fir eng national Schweesprüfung ausgeschafft. Dës beinhaltet nieft der Schweesaarbecht och d’Gehorsamsfächer „Allgemeiner Gehorsam, Leinenführigkeit a Folgen frei bei Fuß mit Schussruhe“. 

Bei der Schweesaarbecht kënnen d’Gespaner sech entweder fir eng 500 m Dagesfährt oder eng 1000 m Iwwernuechtfährt aschreiwen. Wann den Hond d’Schossfestegkeet well am Kader vun enger anerer Prüfung bescheinegt krut, da muss déi um Prüfungsdag net méi gepréift ginn. 

Un dëser Prüfung kënnen all Juegdhënn, mat oder ouni FCI Pabeieren deelhuelen. De Führer vum Hond muss am Besëtz vun engem gültege Juegdschäin sinn. 

Den 9te September war et dunn esou wäit an d’CCC huet fir d‘éischte Kéier déi National Schweesprüfung am Gréngewald organiséiert. Direkt 7 Gespaner haten sech fir d’Dagesfährten ugemellt. D’Organisatioun vun dëser Prüfung huet vill Teamaarbecht an e gudden Zäitmanagement gefuerdert. Schon e puer Deeg am Viraus hunn sech d’Riichter an d‘Helfer mam Fierschter aus dem Gréngewald getraff fir déi Bestänn gewisen ze kréien, wou si d’Fährte leeë kënnen. Hei hunn si fir all Gespan d‘Fährten, esou wéi och eng Ersatzfährt, markéiert. Um Prüfungsdag selwer hunn d’Riichter an d‘Helfer dunn Moies frei d’Fährte getuppt an d’Wondbetter ugeluecht. Wärenddeem hunn sech d’Gespaner um Waldhaff afonnt wou hier Juegdschäiner, Ahnentafelen an Impfpäss kontrolléiert goufen. Géint 11 Auer goufen d’Gespaner dunn beim Chalet vun dem Prüfungsleiter Jacques Petit, an de Mat-Riichtere Jhemp Steichen, Carlo a Manon Wersant begréisst. Hei ass et dann direkt mat dem Gehorsam lassgaangen, wou all Gespan eenzel an de verschiddene Fächer gepréift gouf. Nodeems all Gespan dëst gepackt hat, gouf gemittlech zesumme gegrillt an herno d’Reiefolleg vun de Fährte geloust. Well esou vill Gespaner gemellt waren, gouf an 2 Gruppe geriicht. Um Enn vum Dag hunn 6 vu de 7 Gespaner d’Schweesfährt mat Erfolleg gepackt.

Klassement Hond Rass Führer Punkten/ Präis
1 Eiko Schwarzwälder Schweißhund Ralph Kaufmann 18/18 I
2 Ralph Behemia Jewllery English Springer Spaniel François Bichel 17/18 I
3 Arko Brandlbracke Jo Dichter 17/18 II
4 Nahla vun der décker Lann FCI Rauhhaarteckel Marianne Jacobs 17/18 II
5 Noumea de la vallée de l'eau bourde Rauhhaarteckel François Blanche 15/18 II
6 Männy de la rivière Ouareau Epagneul Breton Malou Grasges 13/18 III

Dës Prüfung war immens gutt organiséiert, an et war eng Freed drun deelzehuelen. Och wann d’Führer ganz opgereegt waren, sou war den Equippegeescht gutt ze spieren a jiddereen huet dem aner e gutt Gelénge gewënscht. De gudden Oflaf ass awer nëmmen der grousser Méi vu ville Persounen ze verdanken! E grousse Merci geet dofir un d’Revéierfierschteren Änder a Chrëscht, eise Riichteren dem Jacques, Jhemp, Manon a Carlo, eisen Helfer Pit, Francis an Danielle, der CCC-Riichterkommissioun an dem CCC-Comité. E grousse Respekt geet och un all Führer déi sech der Aufgab gestallt hunn, a vill Disziplin an Zesummenhalt gewisen hunn. Och wann et fir ee Gespan net duergaangen ass, sou verdéngen si grousse Respekt datt si sech getraut hunn. An enger Prüfung duerchzefalen ass absolut keng Schan, dat ass deene meeschte Führer well geschitt: wien net féiert, kann och net duerchfalen! Ech wënschen all de Gespaner weiderhi vill Freed mat hiren Hënn an datt si ni ophalen ze schaffen an ze probéieren, souwuel an der Prüfung wéi och am Eescht um Terrain. An als klenge Reminder fir di nächst Prüfungen: Virbereedung ass bal alles, mä e klenge Porto um Prüfungsdag fir d’Nerven ze berouegen hëlleft och vill!