Wassertest 2017

© ClaudeZanter
© ClaudeZanter

De 23ten Juli huet den éischte Wassertest vun der CCC-Dackelkommissioun stattfonnt. Um 8:30 hunn sech zu Suevelbuer um Weier 10 Gespaner fir dës Anlagenprüfung bei guddem Wieder afonnt, wou si vum dem Prüfungsleiter, Här Petit, begréisst goufen. Dësen huet d'Riichter, den Här Löw (Däitschland) an den Här Steichen (Lëtzebuerg) kuerz virgestallt an dem Prüfungsobmann (Här Löw) d'Wuert iwwerlooss.

Déi 10 Hondsfüher hunn dorops hin hier Louse gezunn a konnten een no dem aneren hier Honn um Weier presentéieren. Trotz hirer klenger Gréisst hunn d'Dackelen haut erëm gewisen, datt och den Apport vun enger Int aus déiwem Waasser fir si ke Problem ass.

All 10 Honn konnte gepréift ginn a 7 hu bestanen:

Punkte Hond Führer LZ
 32
Tagessieger
Nallo vun der décker Lann FCI  Cathy Jacobs Wa.T/J
 32 Olimpius Pride Voodoo  Carole Pleimling Wa.T
 32 Nurmi vun der décker Lann FCI  Dan Friedl Wa.T/J
 32 Wild-Skadi von der Jufferey  Christophe Jacobs Wa.T
 32 Pira vom Neunten Weinberg  Micheline Jacoby Wa.T
 27  Utah vom Neunten Weinberg  Marianne Jacobs Wa.T
 27 Amélie von der Fürstenau  Liz Diederich Wa.T

E grousse Merci geet wéi ëmmer un eis Riichter an Helfer, esou wéi un d’Teilnehmer fir hier grouss Kollegialitéit, Disziplin a gutt Virbereedung vun hiren Honn. Och e grousse Merci un den Här Flesch datt mir dës Prüfung op sengem Weier ofhale konnten.