Spurlautprüfung 2018

© Claude Zanter
© Claude Zanter

Den 25 Mäerz huet d'Dackelkommissioun vun der Centrale du chien de chasse eng Schossfestegkeets- a Spurlautsprüfung fir Dackelen organiséiert. Nodeems sech d'Riichter, d'Hondsführer an d'Helfer um 8:30 am Hotel Ibis zu Léiweng afonnt hunn goufen hier Pabeieren agesammelt an eisen Vétérinaire, den Marc Diederich, huet hier Impfpäss kontrolléiert. Dono goufen si duerch de Prüfungsleiter Här Petit begréisst. Dësen huet d'Riichter, den Här Baus (Däitschland) an den Här Ledoyen (Frankräich) gekuerz firgestalltt , an dunn dem Prüfungsobmann, dem Här Baus, d'Wuert iwwerlooss. Den Här Baus huet de Kandidaten nachemol kuerz d'Prüfungsuerdnung erkläert an all oppe Froe beäntwert. Dono konnten d'Kandidaten hier Startnummer lousen. Hei hat d'Carole Pleimling ganz flott a passen Huesen als Louse virbereet.

Wéi di 8 Teilnehmer hier Startplaze geloust haten si mir als éicht an d'Revéier vum Här Kohn opgebrach.Hei gouf bei 5 Dackelen (3 Rauhhaar an 2 Kurzhaar) d'Schossfestegkeet gepréift. All Hond huet dës gepackt.

 

    Hond Führer LZ
    Ulika for Zimerbude Carole Pleimling Sfk
    Notre-Belle von der Lucilinenburg Martina Ziegler Sfk
    Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde François Blanche Sfk
    Parforce vun der décker Lann FCI Marianne Jacobs Sfk
    Phoebe vun der décker Lann FCI Marianne Jacobs Sfk

 

No dem Préiwe vun der Schossfestkeet, hunn sech d'Revéierpierschter Danielle a Fränz Bichel eis an hiert Revéier begleet wou mir eis op d'Sich no den Huese konnte maachen.  Fir di 5 Gespaner (1 Rauhhaar, a 4 Kurzhaar) hate mir seier genuch Huesen fonnt.

 

Zum Schluss konnten all 5 Honn gepréift ginn, a 2 Honn hu bestanen:

Präis Punkte Hond Führer LZ
3a (TS) 53 Numéa de la Vallée de l'Eau Bourde Francois Blanche Sp/J
3b 53 Mephisto von der Lucilinenburg Martina Ziegler Sp

 

D'Präisverdeelung mat engem gemeinsamen Iesse gouf an der Léiwéngerstuff ofgehalen. Hei hat de Georges Kugener schéin Holzeplaquette als Erënnerung fir all Gespan dat bestanen huet gemaach. Den Tagessieger krut zousätzlech nach eng Coupe als Erënnerung un dësen erfollegräichen Dag! Och de Riichter an de Revéierpiechter gouf Merci gesot. Si kruten e flotte  Kaddo, den d'Carole Pleimling offréiert huet. D'Gespaner hunn sech och iwwert eng Fläsch Wein, offréiert vum Fränz Bichel, gefreet!

 

Dëse spannenden an interessanten Dag ass der Zesummenaarbecht vu ville Leit ze verdanken! Dofir e grousse Merci un d'Riichteren di immens fair geriicht hunn, de Revéierpiechter déi eis ëmmer nees hier Revéieren an hier Zäit zur Verfügung stellen, den Helfer déi de ganzen Dag mat gefiebert hunn an de Gespaner di eng super Solidaritéit a Disziplin gewisen hunn. An natirlech och dem Claude Zanter e grousse Merci, den genee wéi di läscht Joeren vill schéi Fotoen gemaach huet!