Spurlautprüfung 2017 a

©Claude Zanter
©Claude Zanter

Den 1. Abrëll huet d'Dackel-Sektion vun der Centrale du chien de chasse eng Schossfestegkeets- a Spurlautsprüfung fir Dackelen organiséiert. Nodeems sech d'Riichter, d'Hondsführer, d'Revéierpiechter an d'Helfer um 8:30 am Hotel Ibis zu Léiweng afonnt hunn, goufen si duerch de Prüfungsleiter Här Petit begréisst. Dësen huet d'Riichter, den Här Baus (Däitschland), den Här Ledoyen (Frankräich) an den Här Steichen (Lëtzebuerg) kuerz virgestallt, an dunn dem Prüfungsobmann, dem Här Baus, d'Wuert iwwerlooss. Den Här Baus huet de Kandidaten nachemol kuerz d'Prüfungsuerdnung erkläert an all oppe Froe beäntwert. Dono konnten d'Kandidaten hier Startnummer lousen. Hei hat d'Carole Pleimling ganz flott a passend Schoklashuesen als Louse virbereet.

Wéi di 8 Teilnehmer hier Startplaze geloust haten si mir an d'Revéier vum Här Kohn an Här Lang opgebrach. Als éischt gouf bei deenen Honn déi d'Schossfestegkeet nach net gepréift haten, dës gepréift. D'Schossfestegkeet huet all Dackel gepackt!

No dem Préiwe vun der Schossfestkeet hunn sech d'Gespaner, Riichter, Helfer a Revéierpiechter op d'Sich no Huese gemaach. Trotz guddem Wieder ass et schwéier gefall déi néideg Huesen ze fannen. Ganz spontan hunn d'Piechter vum Noopeschrevéier, d'Mme an de Mr Bichel eis proposéiert an hirem Revéier weider ze préiwen. Ouni dësen immens léiwe Geste hätte mir all d'Honn wahrscheinlech net all duerchpréife kënnen.

 

Zum Schluss konnten all 8 Honn gepréift ginn, a 7 Honn hu bestanen:

Präis Punkte Hond Führer LZ
1a 100 Nuck vun der décker Lann FCI Jean-Claude Pitzen Sp/J
1b 97 Nahla vun der décker Lann FCI Marianne Jacobs Sp/J
1c 94 Hummel-Dream vom Zeldenrüst Carole Pleimling Sp
2a 88 Nallo vun der décker Lann FCI Cathy Jacobs Sp/J
2b 88 Drago vom Lambachstal Roland Lefèbre Sp
2c 78 X-Battes von der Jufferfey Joelle Schmitz Sp/J
3a 53 Lily von den Eifelhexen David Kuijpers Sp/J

 

Op dëser Prüfung waren Dackele vun 2 verschiddenen Hoerarten (Rauhhaar a Kurzhaar) esou wéi 2 verschidde Gréissten (Standard a Kaninchen) vertrueden. D' "Hummel-Dream vom Zeldenrüst" huet op dëser Prüfung bewisen, datt och en Kaninchen Dackel top Anlage kann hunn! Weiderhin hu 5 Honn dës Prüfung mat dem Leestungszeeche Sp/J bestanen, well si nach manner wéi 15 Méint al sinn. Sou ass den Tagessieger "Nuck vun der décker Lann FCI" zum Dag vun der Prüfung grad emol 5 Méint al geweecht.

 

D'Präisverdeelung mat engem gemeinsamen Iesse gouf an der Léiwéngerstuff ofgehalen. Hei haten de Georges an de Ralph Kugener schéin Holzeplaquette als Erënnerung fir all Gespan dat bestanen huet gemaach. Och huet d'CCC all Kandidat an de Riichteren eng Kap geschenkt! Den Tagessieger krut zousätzlech nach eng Coupe als Erënnerung un dësen erfollegräichen Dag! Och de Riichter an de Revéierpiechter gouf Merci gesot. Si kruten e flotte  Kaddo, den d'Carole Pleimling offréiert huet.

 

Dëse spannenden an interessanten Dag ass der Zesummenaarbecht vu ville Leit ze verdanken! Dofir e grousse Merci un d'Riichteren di immens fair geriicht hunn, de Revéierpiechter déi eis ëmmer nees hier Revéieren an hier Zäit zur Verfügung stellen, den Helfer déi de ganzen Dag mat gefiebert hunn an de Gespaner di eng super Solidaritéit a Disziplin gewisen hunn. An natirlech och dem Claude Zanter e grousse Merci, den genee wéi di läscht Joeren vill schéi Fotoen gemaach huet!

© Claude Zanter